Op den Dag ass et 50 genee Joer hier, datt eng Géigekultur sech zesummegedoen huet fir d’Léift an de Fridden ze zelebréieren.

50.000 Leit hunn d’Organisateuren 1969 fir de Woodstock-Festival erwaart. 400.000 sinn der awer komm.

De Festival war organisatoresch gesinn de rengste Chaos. Stau a blockéiert Stroossen, Helikoptere hunn d’Museker missen afléien loossen an de Reen huet hinnen ëmmer erëm e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

D’Organisateuren si mat engem Defizit vun 1,3 Milliounen US-Dollar heem gaangen. Trotz dem organisatoreschen a finanziellen Desaster war de Woodstock-Festival awer den Héichpunkt vun der Hippie-Beweegung a verkierpert bis haut e friddlecht an virun allem anert Amerika.

RTL huet mat engem Zäitzeien geschwat

De Robert Hall lieft zënter iwwer 30 Joer hei zu Lëtzebuerg an huet als Proff op der International School geschafft, haut a senger Pensioun ass hien artistesch a musikalesch aktiv.

Hien hat deemools 20 Joer, wou hien op de Woodstock-Festival gaangen ass.