Och d‘Uni zu Köln interesséiert sech fir d‘Lëtzebuergescht a sicht nach Fräiwëlleger, déi zwee online Froebéi ausfëllen.

Bei där enger Befroung geet et drëms, Sätz mat de lëtzebuergesche Verben „verspriechen“ an „dreeën“ ze liesen an en Uerteel doriwwer ofzeginn. Béid Verbe si jo, wéi soll een et ausdrécken, „tricky“: verspriechen kann een eppes oder eppes versprécht eppes an och fir dreeën gëtt et ënnerschiddlech Konstruktiounen; ausserdeem ass dreeën net esou einfach ze konjugéieren, well et dem Verb droen net wäit aus de Féiss geet. Dowéinst gëtt et dann och gären duerch menacéieren ersat …

Nei empiresch Resultater, wat d‘Benotze vun deene Verben ugeet, wieren allerdéngs widderspréchlech, sou déi zwee Sproochwëssenschaftler Lukasz Jedrzejowski an Heimir van der Feest Vidarsson vun der Kölner Uni. Hir Hoffnung: „Mir ginn dofir dovun aus, dass déi gewonne Resultater am Kader vun dëser Etüd zu engem bessere Verständnis vu béide Verbe wäerte bäidroen.“

Hir Mataarbechterin Simone Hess huet de Froebou op Lëtzebuergesch iwwersat a bis elo hunn eng 50 Leit matgemaach, ma fir duerno statistesch signifikant Aussoe kënnen ze maachen, sollte schonn nach e puer méi Leit äntweren. Dofir brauch ee knapp 15 Minutten – versprach an net gedreet!

„Soss?“

Nieft de Verben „verspriechen“ an „dreeën“ interesséiere si sech zu Köln awer och fir de Gebrauch vum däitsche Wuert „ansonsten“, wann zu Lëtzebuerg däitsch geschwat oder geschriwwe gëtt. De Fokus vun deem Fuerschungsprojet vum Jan Miebach a Lukasz Jedrzejowski läit op „adverbial clauses as non-canonical adjuncts“ (weider Infoen hei). Wat ganz komplizéiert kléngt, ass am Froebou awer ganz einfach: Et geet drëm, däitsch Sätz, an deenen dat Wuert „ansonsten“ benotzt gëtt, ze bewäerten – op enger Skala vun 1 bis 7 vu guer net akzeptabel bis ganz akzeptabel.

Zu Lëtzebuerg grad wéi an der Schwäiz, esou d‘Fuerscher, géif d‘Wuert „ansonsten“ nämlech op eng besonnesch Aart a Weis benotzt ginn. Dacks an engem juristesche Kontext, awer net nëmmen do: „Wir waren ziemlich überrascht zu sehen, dass wir sehr viele Korpusbeispiele im Luxemburger Wort gefunden haben.“ An hirer Etüd wëlle Miebach a Jedrzejowski elo erausfannen, wéi eng Sätz vun dëser Fachsprooch als grammatesch a wéi eng als netgrammatesch ugesi ginn.

RTL

„Ansonsten“? Hei den Extrait aus dem Duden.

Hiren Interessi um Lëtzebuergeschen erklären d‘Fuerscher vun der Uni Köln esou: „In vielen Kontexten der Germanistikforschung sind Dialekte von großem Interesse, und unter diesen Dialekten sind die luxemburgisch-deutschen Mundarten als besonders faszinierend herauszuheben.“

Och hei dauert d‘Ausfëlle vum Froebou ronn eng Véierelsstonn, natierlech anonym. Lass geet et wéi ëmmer mat e puer Froen zu der Persoun.

Jiddereen, deen un den Etüde participéiert, betounen d‘Fuerscher, géif e wichtegen a wäertvolle Bäitrag zu hirer Aarbecht an der linguistescher Recherche iwwer déi däitsch an déi Lëtzebuerger Sprooch leeschten.