D'Gewënner vun der Bourse prototypage 2026
© designfestival.lu
D'Sara Noel Costa de Araujo, de Mike Fritsch (a Kollaboratioun mam Anthea Caddy a Marcin Pietruszewski) an d'Juliane Morel sinn d'Gewënner vun der Bourse prototypage 2026.
Fir d'zweete Kéier huet Kultur | lx dës Bourse verginn a bitt dräi Designer eng finanzéiert Méiglechkeet, wärend engem Joer un eegenen Iddien ze schaffen an en éischte Prototyp z'entwéckelen. Ausgewielt goufen d'Gewënner vun enger Expertejury, bestoend aus dem Susanna Campogrande, dem Maribel Casas, dem Julie Conrad, dem Jean-Marc Dimanche, dem Charlotte Masse an dem Grégoire Ruault.
Am Ganze waren 11 Candidature fir d'Bourse eragereecht ginn, aus deenen d’Gewënner ausgewielt goufen.
PDF: Communiqué vum Arts Council Luxembourg
D'Gewënner aus dem leschte Joer – d'Julie Conrad, d'Ruth Lorang an de Georges Zigrand – wäerten hir Resultater an enger Gruppenausstellung am LUCA, dem Lëtzebuerger Zenter fir Architektur, am Kader vum Luxembourg Design Festival vum 13. bis 16. November presentéieren.