Vun dem 21. bis de 29. September 2019 trieden eng véierte Kéier Kënschtler op, déi op béide Säite vum Atlantik doheem sinn.

D'Artisten, déi dacks e Mix tëscht hire Wuerzelen a méi westlecher Musek spillen, kommen aus Portugal, Mozambique, Brasilien, Cap-Vert oder anere Länner mat lusitanescher Kultur.

E Mëttwoch den Owend war de Régis Thill vun RTL beim Concert vun der Sängerin Selma Uamusse mat dobäi.

© Philharmonie Luxembourg

Net nëmmen an deem grousse Sall, mä och an deem klenge kënnen d'Concerte gelauschtert ginn, wat et erlaabt, schonn um 19 Auer unzefänken an d'Konzept e bëssen afterwork-méisseg ze gestalten, andeems een d'Gedrénks mat an de Sall huelen dierf. Esou kënnen d'Spectateuren Artiste kenneléieren, déi an eise Géigende vläicht net sou bekannt sinn, awer ee frësche Wand an d'Musekswelt zu Lëtzebuerg bréngen, sou de Francisco Sassetti, Programmateur vun atlântico.

A säi Bann gezunn huet d'Selma Uamusse de Publikum mat hirer afrikanescher Wibbelegkeet, Rhythmik an Sensibilitéit.