E Label fir d'Lëtzebuerger Zeen feiert 30 Joer. Noiseworks Records invitéieren dowéinst e Samschden (28/09) an d'Kufa.

A wéi sech dat fir e Label gehéiert, mat ganz vill Musek. Ënnert den Motto Local Music Festival trieden op dëser Feier Tëschegas

The Majestic Unicorns From Hell

Tommy Lux & Sta

Nicool

T The Boss

Lost In Pain

a Versus You op

Do misst fir all Goût eppes dobäi sinn. Lass geet et um 18:00, deen éischte Concert an der Kulturfabrik ass um 18:30. Tickete ginn et nëmmen an der Oweskees fir 15 Euro.

H A P P Y B I R T H D A Y