
No Optrëtter a Brasilien an Argentinien, hunn d’Museker ënnert der Leedung vun hirem Chefdirigent Gustavo Gimeno gëschter Owend am legendären Teatro Colón zu Buenos Aires gespillt.

Um Programm stounge Wierker vu Schubert, Mendelssohn-Bartholdy a Brahms. Solist war de litauesche Violonist Julian Rachlin. Grouss Begeeschterung gouf et beim Publikum, wéi likum begeeschtert huet, wéi “Libertango” vum Astor Piazzola gespillt gouf. De Piazzola gehéiert zu de groussen argentinesche Komponisten a gëllt als Begrënner vum “Tango Nuevo”.
Den Dag virdrun huet e Quintett vum Orchester e Concert fir d’Kanner an der berüümter Villa Miseria “Barrio 31" ginn, eng Initiative vun der Fondation EME.

Den Owend geet d’Rees mat engem leschte Concert zu Montevideo an Uruguay op en Enn.
