Déi weltbekannte Rockgrupp wëll mat engem Concert an engem U-Boot erausfannen, wéi d'Mieresbewunner op hir Lidder reagéieren.

Den 18. November ass et esou wäit: KISS wäerten de wuel aussergewéinlechste Concert an hirer Band-Geschicht spillen. Am Publikum sëtzen net wéi gewinnt Mënschen, mä... richteg gelies: Haien! 8 Fans kënnen an engem U-Boot virun der südaustralescher Küst der Reaktioun vun de Fësch nokucken.

Fuerscher no ginn Haie vun nidderege Frequenzen ugezunn, dofir wëll de Sänger vu KISS, de Paul Stanley, erausfannen, wéi de Concert ënnert dem Mieresspigel bei den Déieren ukënnt.