Fir de 45. Gebuertsdag huet "SOS Villages d’Enfants Monde" leschten Donneschdeg an d'Philharmonie invitéiert.

45. Gebuertsdag vun “SOS Villages d’Enfants Monde” / Rep. Philippe Dondelinger (14.10.19)
Leschten Donneschdeg gouf an der Philharmonie um Kierchbierg de 45. Gebuertsdag vun "SOS Villages d’Enfants Monde" gefeiert.

De Public war gespaant op den OPL (Philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg) , ënnert der Leedung vum Pascal Schumacher, a Begleedung vum däitsche Pianist Sebastian Knauer. E Concert, deen awer méi wéi een Highlight hat. De Kanner-Chouer vu Weiler-zum-Tuerm huet och d'Lidd "Children for Humanity " gesongen, komponéiert vum Gino Miccolis. D'Ekipp vun RTL war mat dobäi a duerft kuerz virum Optrëtt bis hannert d'Kulisse luussen.