Virun e puer Joer huet eng jonk Sängerin aus der Dominikanescher Republik eng Bourse kritt, fir zu Lëtzebuerg Musek ze studéieren.

Duerno ass si am Grand-Duché bliwwen an huet och déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. An der Tëschenzäit wunnt d'Stephany Ortega mat hirem Mann a China. Dat hënnert si awer net drun, fir zesumme mat hirer Musekskollegin Léna Kollmeier op Tournée ze goen. Den Ament gëtt si bei eis am Land e puer Concerten. D'Stephany Ortega an d'Léna Kollmeier, déi iwwregens aus der belscher Gemeng Atert staamt, ergänze sech beschtens.

Vun Oper bis American Soul

D'Stephany Ortega huet eng waarm, flexibel Stëmm mat vill Kraaft, séngt mat iwwerzeegendem Ausdrock, an, wéi et schéngt, ouni groussen Effort. "Mir sange schliisslech zu zwee", sou d'Sängerin, déi den Ament schwanger ass.

E Sonndeg den Owend ass d'Musekerin am CAPE zu Ettelbréck opgetrueden. De Régis Thill vun RTL war mat dobäi. "American Soul" stoung an der Patton Stad um Programm. De 24. Oktober kann ee béid Sängerinnen am Centre culturel ARcA erlierwen, mat "Latin" um Programm.