En Dënschdeg, den 29. Oktober 2019, ass den 3. Concert vun der Hierschtsaison vum Diddelenger Uergelfestival (FIMOD). D'Evenement geet um 20.15 Auer lass.

De finneschen Organist Jan Lehtola spillt um leschte Concert vun dëser Saison e Recital mat Wierker vum Otto Olsson, Kalevi Aho, Arthur Bird a vum Marcel Dupré.  Consideréiert als ee vun de progressiivste finneschen Organiste vu senger Generatioun, huet hie schonn iwwer 150 Uropféierunge gespillt. Vill Komponisten, dorënner och den Harri Ahmas, Kalevi Aho, Atso Almila, Thierry Escaich, Naji Hakim, Matti a Paavo Heininen oder d'Carita Holmström hunn him Wierker dediéiert. Nieft sengen Optrëtter enseignéiert de Jan Lehtola Uergel op der Sibelius Akademie.

Nom Concert ënnerschreift de Jan Lehtola seng CD mat Wierker vum Marcel Dupré, déi hien op der Diddelenger Uergel opgeholl huet.

De Concert gëtt wéi ëmmer op groussem Ecran projezéiert.

Communiqué

Mardi prochain le 29 octobre à 20h15 dans l'église de Dudelange, l'organiste-concertiste virtuose Jan Lehtola donnera un récital composé d'œuvres d'Otto Olsson (1879-1964 - Praeludium et fuga diss-Moll), de Kalevi Aho (*1949 - 3 interludes from the Symphony No 8), d'Arthurd Bird (1856-1923 - Thème varié, op. 27) et de Marcel Dupré (1886-1971 – la deuxième Symphonie, op. 21). Considéré comme un des organistes finlandais les plus progressistes de sa génération, Jan Lehtola collabore régulièrement avec des compositeurs et a créé plus de 150 oeuvres en première mondiale ou nationale. De nombreux compositeurs lui ont dédié des oeuvres tels que Harri Ahmas, Kalevi Aho, Atso Almila, Thierry Escaich, Naji Hakim, Matti et Paavo Heininen, Carita Holmström, Juha T. Koskinen, Olli Kortekangas, Juha Leinonen, Paola Livorsi ... Jan Lehtola enseigne l'orgue à la Sibelius Academy.
Après le concert, Jan Lehtola signera son CD d'œuvres de Marcel Dupré enregistré à l'orgue de Dudelange. Visualisation du jeu des solistes sur grand écran.

Prévente sur Luxembourgticket et sur info@orgue-dudelange.lu

Informations sur www.orgue-dudelange.lu