Passend zu Halloween bidde "Cendres la Rouge" e Mëttwoch an en Donneschdeg den Owend am Escher Theater en aussergewéinleche Concert un.

Streng geholl, ass "Antinéa" e Spektakel, dat verschidde kënschtleresch Beräicher matenee kombinéiert: Theater, Musek, Marionetten, digital Konscht an "art brut".

Besonnesch ass och, datt d'Sängerin den eenzege liewegen Acteur op der Bühn ass. Déi aner Museker sinn nämlech Skeletter, déi vu Computere gesteiert ginn a wärend der Show musizéieren.

Net ouni Grond stinn d'Schanke bei dëser Performance am Virdergrond: Si symboliséieren net nëmmen den Doud, mä stellen och en direkte Lien zum liewege mënschleche Kierper hier.

Méi Informatiounen iwwert de Concert-Spektakel fënnt een am Schreiwes vum Escher Theater an op hirem Site.