Enn des Joers verëffentlecht d'Regierung eng Rëtsch Reegelen, fir d'Nationalsprooch am Grand-Duché ze standardiséieren.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo geäntwert, datt et den Ament eng Mise à jour vun der Lëtzebuerger Orthographie géing ginn. Et wier keng "Neigestaltung", mä eng "Adaptatioun", déi déi aktuell Reform géing ergänzen.

All lieweg Sprooch ännert an evoluéiert am Laf vun der Zäit, dofir ass et selbstverständlech, datt d'Orthographie och muss adaptéiert ginn, betount de Claude Meisch a sengem Schreiwes. De Fait, eis Nationalsprooch ze completéieren an ze aktualiséieren, géing dem Lëtzebuergeschen awer d'Méiglechkeet loossen, sech z'entwéckelen. Dat brauch esou eng dynamesch Sprooch och, fënnt den Educatiounsminister.

Eng Partie Reegelen, déi vun der Reform betraff sinn, fannt Dir hei am Iwwerbléck:

De sougenannten "Dehnungs-h" hannert Vokale verschwënnt: Aus Ausnahm gëtt Ausnam.

D'Schreifweis vum < ee > gëllt elo fir Wierder, déi soss mat < e > oder < ee > konnte geschriwwe ginn: Regel gëtt vun elo u Reegel geschriwwen.

Verbe mat der Endung -néieren, déi aus dem Franséischen importéiert goufen, gi mat < n > an net mat < nn > geschriwwen: Funktionéieren amplaz Funktionnéieren. Dat selwecht gëllt fir Adjektive mat der Endung -(i)onnell.

D'Suffixen hu keen Afloss méi op d'Schreifweis vun de Vokale matzen am Wuert: Märchen, Titchen oder wotlech ersetze Mäerchen, Tiitchen a wootlech.

D'N-Reegel gëtt an Zukunft plazeweis net méi esou streng applizéiert. D'Gemeng Lëntgen ka säin < n > a Sätz wéi "zu Lëntgen gëtt gebaut" halen, mä et dierf och "zu Lëntge gëtt gebaut" geschriwwe ginn. Op d'Betounung muss hei opgepasst ginn.

Bis d'Rentrée 2020 gëllt awer weiderhin déi aktuell Schreifweis.

Aner Orthographie-Reegelen a méi Informatiounen iwwert d'Reform fënnt een am offizielle Schreiwes vum Claude Meisch un de Mars Di Bartolomeo.