Den 22. November 2019 kann een an der Rockhal de Sound, deels och de Soul, vun enger vun de wichtegste Rockbands vun allen Zäiten erliewen.

The Dire Straits Experience ass en Ensemble vun de beschte Museker déi Groussbritannien ze bidden huet, fir en Hommage un eng ganz grouss Rockgrupp ze maachen.

Wann aner Coverbands vun der original Band recommandéiert ginn, sou kann The Dire Straits Experience nach eng drop setzen; mat op Tour ass nämlech een Original-Member vun deemools, de Chris White. Hie war den Tour-Saxophonist vun der Grupp ronderëm de Mark Knopfler (1985 - 1995).

De Chris White huet wärend senger Karriär och nach Artiste wéi de Robbie Williams, Paul McCartney, Chris De Burgh a Mick Jagger begleet. Och 25 Joer nom Split vun Dire Straits gehéiert d'Musek nach ëmmer op d'Bühne vun der Welt, enger Saach déi sech The Dire Straits Experience ugeholl hunn.