Fir der Demande vun der Lëtzebuerger Sprooch nozekommen, gi verschidde Méiglechkeete geschaaft, fir e bessert Sproochgefill ze kréien.

Dowéinst gouf ënnert anerem d'Reegelwierk iwwert Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch komplettéiert a vereinfacht. Bei dësen Efforte gouf den Educatiounsministère vum neie geschaaften Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzt.

Ëmmer méi Bicher op Lëtzebuergesch stinn an de Librairien. D'Demande ass grouss. An engem gebonnene Reegelwierk sinn elo d'Reegelen iwwert déi nei Orthographie méi einfach a méi kloer nozeschloen. D'Buch ass an 10 Kapitelen agedeelt an et kritt een et gratis. Och d'Entwécklung vun der Sprooch gëtt am Buch thematiséiert, dat sech ënnert anerem un Enseignantë riicht. Besonnesch an de Schoulen deet sech eppes. An 2 Joer gëtt d'Sprooch op 4ième als Schoulfach agefouert a vun der 3ième un als Optioun ugebueden. D'Zil ass et, de Schüler déi richteg Schreifweis ze vermëttelen a se an d'Lëtzebuerger Kultur, Geschicht a Literatur anzeféieren, esou de Ministère.

Fir der staarker Demande nozekommen, bitt den Institut National des Langues vun nächstem Joer un awer och Online-Coursen un. Den Olivier Schillen ass Libraire. Senger Meenung no ass d'Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi beléift. D'Demande vu Bicher, DVDen an CDen ass ebe grouss an dat Ganzt wier eng positiv Entwécklung.

Der Librairie no gi wéinst de Sproochecoursë vill Bicher op Lëtzebuergesch kaaft. Och Dictionnairen a Grammairesbicher si populär. Fir d'Sprooch nach besser ze vermëttelen, zéien ënnert anerem Medien, Schoulen a Librairien un engem Strang, esou nach d'Librairie.