Peter Handke net méi wëllkomm am Kosovo

© afp
Schonn en Dënschdeg hat Kosovo d'Präisiwwerreechung vum Literaturnobelpräis un den éisträichesche Schrëftsteller boykottéiert.
Elo gëllt de Peter Handke als Persona non grata an ass domat net méi gär gesinn am Kosovo. Dat huet den Ausseminister Behgjet Pacolli e Mëttwoch den Owend op Facebook matgedeelt. "D'Verbriechen ofzestreiden an d'Verbriecher ze schütze wier e schrecklecht Verbriechen", sou de Pacolli.
Wéinst senger pro-serbescher Astellung huet hie wärend dem Balkan-Krich fir Kontroverse gesuergt, déi bis haut hefteg diskutéiert ginn. 2006 huet hie mat enger Ried provozéiert, déi den Auteur wärend dem Begriefnes vum ugeklote fréiere serbesche Staatschef Slobodan Milosevic gehalen huet.
Nieft dem kosovaresche Botschafter boykottéieren och d'Botschafter aus Albanien, Bosnien, Nordmazedonien, Tierkei a Kroatien d'Iwwerreechung vum Literaturnobelpräis un de Peter Handke.