Hëllef bei der Bewäertung vu lëtzebuergesche Sätz gesicht: Beim Projet "Strips" schafft RTL mat der Uni Lëtzebuerg zesummen.

Positiv? Negativ? Neutral? Hëllef bei der Bewäertung vu lëtzebuergesche Sätz gesicht

Dag fir Dag ginn zeg Artikelen an Dosende vu Commentairen online op eisem Site. Ëmmerhi sou vill, dass mëttlerweil déi immens Sammlung vun iwwer 500.000 Commentairen zesummekomm ass. A genee dës Mass un Date soll de Fuerscher*innen elo am Kader vun engem Projet op der Universitéit Lëtzebuerg dobäi hëllefen, semantesch Siche fir lëtzebuergesch Texter ze erméiglechen. Bei der Realiséierung vun dësem Projet brauchen d’Fuerscher*innen Är Ënnerstëtzung!

Ëm wat geet et am Projet?

Aktuell ënnersichen d’Fuerscher*inne vu STRIPS, engem interdisziplinäre Projet tëscht dem Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an dem ILIAS op der Universitéit Lëtzebuerg, wéi ee Sentiments (Gefiller) vun eenzele Sätz op Lëtzebuergesch algorithmesch erfaasse kann. STRIPS gëtt geleet vum Prof. Dr. Peter Gilles (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft) a vum Prof. Dr. Christoph Schommer (ILIAS).

Dobäi huet RTL déi grouss Mass un anonymiséierte Commentairen, déi op RTL.lu public ze gesi sinn, fir dëse Fuerschungszweck zur Verfügung gestallt an ass domatter e wichtege Projetspartner.

Fir déi automatesch Erkennung vu Sentiments (Gefiller) spéider méiglech ze maachen, sammelt d’Ekipp de Moment Bewäertunge vu Sätz am Korpus, mat deenen dono Algorithmen kënnen trainéiert ginn. Am Projet ginn deemno d’mënschlech Gefiller (Sentiments) an d’Algorithmen (machine an deep learning) souwuel vu linguistescher wéi och computerwëssenschaftlecher Säit ënnersicht. Fir d'Lëtzebuergescht ass esou eppes nach relativ nei, mee an anere Sprooche gëtt et schonn dacks zum Beispill fir d'Analys vu Rezensioune fir Produkter oder Filmer genotzt.

Wéi kënnt Dir beim Fuerschungsprojet hëllefen?

Konkreet gëtt Är Hëllef bei der Bewäertung vu lëtzebuergesche Sätz gebraucht. De Prinzip ass am Fong ganz einfach: D‘Fuerscher*innen hu fir dës Aufgab en extra Tool entwéckelt, an deem Dir jeeweils ee Saz ugewise kritt an dann decidéiere sollt, ob e positiv, negativ oder neutral ass. Dir musst dofir näischt installéieren, den Tool kann direkt am Browser an och um Handy benotzt ginn. All d’Sätz, déi vun de Leit bewäert ginn, ginn herno als Trainingsdate benotzt, dat heescht: Wat méi Sätz bewäert ginn, wat den Algorithmus herno besser kann trainéiert ginn, fir automatesch Sentiment (Gefiller) an engem Saz ze erkennen. Bei der Bewäertung gëtt et kee Richteg a kee Falsch – d’Fuerscher*innen interesséiert Är perséinlech Aschätzung. Matmaache ka jiddereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt.

Dir hutt Intressi? Da kontaktéiert d’Fuerschungsekipp via E-Mail un d’Daniela Gierschek (daniela.gierschek@uni.lu) oder den Joshgun Sirajzade (joshgun.sirajzade@uni.lu), fir Äre perséinleche Bewäertungslink mat Zougang op den Tool ze kréien. Do fannt Dir dann eng kuerz Uleedung an dono kënnt Dir direkt mat den éischte Sätz lassleeën. Natierlech kënnt Dir och zu all Moment ophalen oder eng Paus maachen a méi spéit virufueren.

Bei Froe kënnt Dir Iech och am Virfeld scho beim Daniela Gierschek (daniela.gierschek@uni.lu) oder beim Joshgun Sirajzade (joshgun.sirajzade@uni.lu) mellen.

Méi Informatiounen iwwer de Projet STRIPS[SM1]  fannt Dir och op: ilias.uni.lu/strips.