Wéini gëtt et dat, dass een an der Philharmonie bei Musek am Sall laache kann, vu Begeeschterung päifen an de Rhythmus mat klappen dierf?

An dat esouguer bei klassescher Musek op Weltniveau? Ma wann den Ensemble Philharmonix optrëtt! De Régis Thill huet sech méi genee fir d'Museker an hir Musek intresséiert a war fir RTL an der Philharmonie op Besuch.

Hei triede 7 Museker op, déi an de Wiener an de Berliner Philharmoniker spillen, wat Orchestere vu Weltniveau sinn. Hir musikalesch Klass verléiere si net, wa se als Philharmonix optrieden.

Alles, wat se esou spillen, erkennt een, awer esou huet een d'Lidder nach ni héieren. Philharmonix bréngt zesummen, wat soss net zesummegehéiert. Méi intressant ka Klassik net sinn, méi witzeg och net. An dach: de Niveau bleift héich. Klassik, Jazz, Latin, Pop... alles mëscht sech. An de Public ass dee grousse Gewënner.