Am Lycée Aline Mayrisch gouf e Freideg, den 10. Januar déi renovéiert Schoulbibliothéik ageweit.

D'Zil war et de Schüler net nëmmen, hir nei Bibliothéik ma och d'Bicher an d'Freed um Liese méi no ze bréngen. Dofir gouf eng "Journée de la lecture" organiséiert. Fir d'Schüler stoung och sou munches um Programm. Däitsch, Englesch a Franséisch Auteuren hu mat de Schüler iwwert hir Aarbecht geschwat.

Wien zum Beispill éischter kënschtleresch aktiv wollt ginn, konnt dat am Manga-Atelier mam Sabrina Kaufman maachen. D'Kënschtlerin huet de Schüler an engem Atelier vun zwou Stonne gewisen, wéi ee sech muss uleeën, fir esou eng Manga-Figur richteg ze zeechnen. Besonnesch fir Fans vu Manga an Anime een Atelier, deen hinnen dës Welt nach eemol méi no bréngt.

Och fir d'Sabrina Kaufmann, ass et wichteg, am Kontakt ze si mat deene Jonken. Duerch d'Coursen halen, ka si konstant hir Techniken an hir Fiche fir déi Jonk upassen. Doduerch géif een net riskéieren an de Stëllstand ze kommen, esou d'Sabrina Kaufmann, an et géif ee léiere konstant, u sech selwer ze schaffen.

Ganz entspaant ass et bei der Erzielerin Céline Thill ofgelaf. D'Schüler haten do eng nawell angeneem Aufgab. An zwar hir Geschichten nozelauschteren. An obwuel esou Märercher dach éischter eppes fir Kanner sinn, wären d'Schüler dem Céline Thill no dach ëmmer erëm angeneem iwwerrascht, wéi flott et dach ass, sech einfach vun der Geschicht matrappen ze loossen, an ze genéissen.

Dat war awer nach net alles, wat deen Dag um Programm stoung. Direkt 3 Poetry Slammer ware bei déi Jonk komm, fir hinnen hir Konscht ze weisen. De Bob Reinert an d'Sara Andjelkovic ware selwer Schüler am Lycée Aline Mayrisch. Béid hu schonn am Lycée hir éischt Slams geschriwwen, an déi och direkt matbruecht. An obwuel dach e puer Joren tëscht de jonken Artisten an de Schüler leien, huet ee gemierkt, dass sech dach net vill geännert huet.

De Schüler d’Liese méi no brénge war d’Missioun vum Dag. A wie weess, ob net deen een oder anere Jonke sech elo méi oft erof an d’Bibliothéik traut a sech mat engem Buch an ee roueg Eck sëtzt.