Zanter 1991 bestëmmt eng Jury zu Darmstadt d'Onwuert vum Joer.

De Begrëff "Klimahysterie" huet sech géint 397 aner Virschléi duerchgesat an ass domat d'Onwuert vum Joer 2019. Virun allem vun AfD-Politiker gouf de Begrëff am Laf vun hirer politescher Debatt ëmmer nees benotzt.

Mat dem Wuert "Klimahysterie" géingen d'Beméiunge fir de Klimaschutz an d'Klimabeweegungen diffaméiert an diskreditéiert ginn, erkläert e Jury vu Sproochwëssenschaftler vun der Technischen Universität Darmstadt.

Dat Joer virdru gouf sech fir "Sozialtourismus" entscheet an 2017 war et "Opfer-Abo".