Rendez-vouse fir d'Woch: Chambre 212, Booksmart an der Cinémathèque, Eugénie Anselin am CAPE, Concert am Gudde Wëllen, Farben einer Nacht am TNL

„11 Must See Movies“ an der Cinémathèque (14. bis den 30. Januar)

An der Cinemathéik leeft en Dënschdeg um 20.30 Auer de Film „Chambre 212“, deen am Kader vun den „11 Must See Movies“ vun 2019 leeft, eng lëtzebuergesch-franséisch Produktioun. No 20 Joer huet d’Maria decidéiert hire Mann an hiert Doheem ze verloossen. Sie schléift an engem Hotel, an der Kummer 212, wou si eng Vue op hire Mann an hiert Appartement huet. Membere vu Bidibul Productions maachen eng Introduktioun zum Film.

De Mëttwoch (15.01) leeft an deem nämmlechte Kader de Film „Booksmart“ vum Olivia Wilde, en Teenie-Film, deen och Erwuessener uschwätzt. De Film erzielt op eng lëschteg Manéier d’Geschicht vun zwou beschte Frëndinnen, déi nom leschte Schouldag erausfannen, datt si an hirer Schoulzäit ze vill Zäit an der Bibliothéik verbruecht hunn an net genuch op Partyen. An enger eenzeger Nuecht wëlle si alles nohuelen, wat si déi läscht Jore verpasst hunn.

Tuvaband am Gudde Wëllen (15.01)

En skandinavescht Talent spillt de Mëttwoch den Owend am Gudde Wëllen. Tuvaband mat der norwegescher Songwriterin Tuva Hellum Marschhäuser haten 2016 hiren Duerchbroch. Hir Lidder goufen eleng op Spotify méi wéi 10 Millioune mol gestreamt. Am September 2018 ass der Tuva hiren éischten Album „Soft Drop“ erauskomm. A knapps e Joer dono koum och schonn den zweeten „I Entered the void“. Gittar, Drums a Synthesizer ënnersträichen déi douce Stëmm vun der Sängerin.

"Wow" vum Eugénie Anselin am Cape zu Ettelbréck (15.01)

„Wow“ vum Eugénie Anselin ass eng witzeg Solo Show iwwert d’Social Media Gesellschaft, a wéi verschidde Leit denken, fillen a programméiert sinn, fir esou vill „Likes“ wéi et nëmme geet ze kréien. D’Schauspillerin schwätzt domat en Thema un, dat haut an eiser schnelllieweger Gesellschaft net méi aktuell kéint sinn. Eng Gesellschaft, wou een ëmmer besser, méi schnell a méi originell muss funktionéieren.

Reportage "Wow" vum 28. Juni 2018
Am Kasemattentheater an am TOL

"Farben einer Nacht" am TNL (16.01)

Am Théâtre national ass eng musikalesch–literaresch „Nachtwanderung“. Fir d’Stéck „Farben einer Nacht“  sinn Interviewe mat Leit tëscht 7 an 83 Joer gemaach ginn, déi vun hiren Museks- Erfarungen erzielen. Hei geet d’Inspiratioun vu klassescher Musek mam Richard Strauss bis hin zu Pop Legende wéi Abba an the Smiths.

„Farben einer Nacht“ vum Jörg Maria Welke gëtt den Donneschdeg den Owend um 20.00 Auer gespillt.

© Wolfgang Bischof