Zënter dem 17. Oktober ginn d’Libanesen op d’Strooss, fir géint déi wirtschaftlech Kris a Korruptioun ze protestéieren.

Politesch befënnt d’Land sech an enger Sakgaass, zënter dem Premier Saad Hariri senger Demissioun Enn Oktober konnt nach keng nei Regierung ernannt ginn.

Mee d’Gesellschaft an och d’Stroosse vu Beirut si schonn op laang Siicht duerch d’Revolutioun verännert. D’Mënschen hu sech hir Stad zréck eruewert an notzen de kreative Raum, deen d’Revolutioun geschaaft huet, fir hir Revendicatiounen a Form ze setzen.

Zwou Kënschtlerinnen an der Haaptstad Beirut, dorënner och d’Lëtzebuergerin Liane Matthes Rabbath, ginn eis en Abléck an d’Konscht vun der Revolutioun.