De grousse Reportage elo am ReplayDen OPL op Tournée a Südamerika
RTL war mat der Kamera an Argentinien an Uruguay derbäi. De Reportage vum Jenny Fischbach elo am Replay op RTL.lu.
Den OPL op Tournée a Südamerika
Lëtzebuerg a seng Museker am Ausland representéieren. Dat war d’Zil vun der eemoleger Geleeënheet, déi den OPL mat enger Südamerika-Tournée ergraff huet.
Leschten Hierscht war den OPL déi éischte Kéier a Südamerika op Tournée. A Brasilien, Argentinien an Uruguay hu si an de renomméierste Concertssäll vun der Welt gespillt.
Iwwer 100 Leit, d’Museker an déi technesch Ekipp waren 10 Deeg laang ënnerwee. Mir hu si dobäi begleet an emol hannert d’Kulisse vun esou enger grousser Produktioun gekuckt.
Wéi reest esou e grousse Grupp, wat maachen d’Museker an hirer Fräizäit an natierlech: wéi sinn d’Concerte beim südamerikanesche Publikum ukomm?
De Grousse Reportage elo am Replay.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.