De Kulturzentrum Opderschmelz zu Diddeleng huet sech als Zil gesat, dem Jazz zu Lëtzebuerg eng Bün ze ginn, a Lëtzebuerger Museker z'ënnerstëtzen.

En Donneschdeg den Owend konnt een déi 3 Lëtzebuerger Jeff Heer, Pol Belardi a Jérôme Klein mat hirem russesche Kolleeg Strigalev nolauschteren, wéi se hire Projet Tele-Port! virgestallt hunn.

Et héiert ee klassesch Momenter, déi awer ëmmer erëm vu Synthesizer-Kläng begleet, ënnerbrach oder iwwertrompt ginn. Tele-Port! heescht dat Ganzt, an et schéngt, wéi wann ee sech wéilt an enger aner Welt beamen.

"Et kann een zu Lëtzebuerg intressant a qualitativ héichwäerteg Musek maachen, da gëtt een awer nach laang net am Ausland gehéiert. Ze kleng si mer hei, ze wéineg Afloss hu mer international", sou de Pol Belardi.

Tele-Port!, e Projet deen et fäerdeg bréngt, eng Identitéit ze schafen. Lo heescht et, international Spueren ze hannerloossen. Kuerz beamen: a fort.