Och dëst Joer ass erëm de Festival “Fabula Rasa” an de Rotonden. Hei geet et ëm Geschichtenerzielen. Dat mat Hëllef vu Spektakelen a Workshops.

D'Traditioun vum Geschichtenerziele gëtt heibäi zwar respektéiert, ma et geet och dorëms, mat der Zäit ze goen an op aktuell Themen anzegoen.

Dat gesäit ee gutt bei der Expo "AB – Augmented Books", déi am Kader vum Festival gewise gëtt.

Fir géint dat ugekënnegt Ausstierwe vun de Printmedien, an domat och vum Buch, virzegoen, hu verschidde Schrëftsteller an Editeure mat interaktive Bicher reagéiert. E puer Beispiller dovu fënnt een an der Expo "AB – Augmented Books" an de Rotonden.

Hei kann ee mat Hëllef vun engem Tablet oder Kameraen Illustratiounen aus Bicher beweegen. Ma net all Buch an Erweiderung dovun ass virtuell.

An der Ausstellung fënnt een och Pop-up-Bicher oder aner visuell Spiller, wéi zum Beispill d'Bicher "Cache-cache Ville" a "La Grande Traversée". Hei muss een duerch eng magesch Lupp kucken, fir all Detail ze gesinn. Et ass fir d'drëtte Kéier, dass am Kader vu "Fabula Rasa" eng Ausstellung organiséiert gëtt. D'Expo dréint ëmmer ëm Illustratiounen a Kannerbicher, ma ass awer fir déi ganz Famill gëeegent, well d'Bicher, déi hei gewise ginn, begeeschtere gäre mol Kleng a Grouss.