Am Konscht a Geschichts- Musée an der Stad kritt een den Ament eng ganz exzeptionell Ausstellung ze gesinn.

Nach ni virdru sinn esou vill Skulpture vum Barock-Kënschtler Pedro de Mena beienee gewise ginn. Eng Weltpremière, fir déi de Musée sech vill Visiteuren erwaart. D'Ausstellung ass awer och mat enger wichteger technologescher Fuerschung verbonnen, déi méi iwwert d'Banne- Liewe vun den iwwer 300 Joer ale Skulpture verréit.

D’Meeschter vun der spuenescher barocker Konscht kritt een ausserhalb vu Spuenien seelen esou ze gesinn wéi hei am Nationalmusée. D’Konschtwierker aus dem 17. Joerhonnert sinn aus engem reliéise Kontext entstanen, woubäi d’Molerei awer virun allem an der Konschtgeschicht méi Zousproch kritt huet wéi d’Skulptur.

Nieft de Molereien ass den Highlight vun der Ausstellung awer sécherlech de Pedro De Mena mat sengen 8 hyperrealisteschen Skulpturen. Virun e puer Méint sinn dës Wierker zu Ettelbréck am Spidol ënnert de Scanner komm.

Eng wichteg Etapp fir de Musée, fir erauszefannen wéi d’Banneliewen ausgesäit. D’Skulpture bestinn zum Beispill net aus engem eenzegen Holzblock, mee aus verschiddenen Deeler, déi zesummegepescht gi sinn. Sou datt och Huelraim bannen ze fanne sinn. Fir d’Restauratrice vum Nationalmusée war dëst awer scho bekannt, ma dofir konnt si awer eng ganz aner interessant Erkentnis maachen.

Et war déi éischte Kéier, datt de Scanner fir de Musée an den Asaz komm ass, ma et muss een awer bedenken, datt eng technologesch Fuerschung wie an deem hei Fall immens vill Zäit a Budget ewech hëlt. Ma fir d’Konschtgeschicht sinn esou Recherchen awer goldwäert.

An enger Kierch sinn deemools d’Konschtwierker am beschte Fall mat Käerze beliicht ginn. Fir d’Ausstellung am Nationalmusée war et dofir wichteg eng gewëssen Atmosphär ze schafen, fir der dramatescher Konscht gerecht ze ginn.