Eng schrill, intensiv a facettëräich Inzenéierung feiert den Owend Première am Kapuzinertheater.

„Das letzte Feuer“ klengt no eppes Definitivem, eppes wat sou lues zum Enn kënnt. Ma hei am Theaterstéck gëtt den Text vum Dea Lohrer op eng kaleidoskopesch Manéier erzielt. Egal wéi een e Kaleidoskop dréit a kéiert, et kënnt all Kéiers eng nei Facette zum Virschäin. Hei geet et drëm vun Existenzen ze erzielen, Existenzen déi physesch leiden, traueren oder vergiessen. Déi verschidde Charakteren op der Bühn ginn ëmmer erëm vun hire Geschichten an hiren Erliefnisser ageholl. Den Text zeechent sech duerch e präzisen an detailverléiften Bléck op d’Personnagen aus a gläichzäiteg gëtt een och net verschount vun der batterer Réalitéit.

Di däitsch Regisseurin Anna Elisabeth Frick schafft net fir di éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg. Si huet sech fir „das Letzte Feuer“ eng ganz Panoplie u Lëtzebuerger an Däitschen Acteuren fir hir Inszenéierung erausgesicht.

Catherine Elsen, Nora Koenig, Konstantin Rommelfangen, Max Thommes, Matthias Breitenbach, Josiane Peiffer, Kara Schröder, Finn Bösenberg a Brigitte Urhausen. Ma een Acteur weist sech am Theaterstéck och vu senger musikalescher Säit. De Max Thommes steet net just fir seng Roll vum Peter op der Bün, ma hien huet och seng musikalesch Patt mat erabruecht.

© Les Théâtres de la ville de Luxembourg

„Das Letzte Feuer“ huet den 11. Februar Première am Kapuzinertheater a gëtt nach den 12., 15., 26. Februar an 11. März gespillt.