E Samschdeg den Owend stoung de Sänger-Duo "Tenacisous D" an enger ausverkaafter Rockhal op der Bün an huet do fir Stëmmung gesuergt.

Den Acteur a Sänger Jack Black, deen ënner anerem mat Filmer wéi "School of Rock" oder "Gulliver's Travels" op der grousser Leinwand bekannt ginn ass, ass mat sengem Frënd a Kolleeg, Kyle Gass, als Band "Tenacious D" schonn zënter 1994 ënnerwee.

Ware si am Ufank vun hirer Karriär als Virgrupp bei bekannte Bands wéi Pearl Jam oder Foo Fighters programméiert, sou suergen déi 2 Artisten haut selwer mat enger Mëschung aus Musek, Spaass a Comic-Kino fir ausverkafe Säll.

De Komedie-Rock-Duo huet sech um Theaterfestival "Edinburgh Fringe" kenne geléiert. Deemools war de Gass 29, de Black 20 Joer al an allebéid Member ware vum Theatergrupp "The Actors Gang" zu Los Angeles. De Kyle Gass war et och, dee sengem Bandkolleeg Jack Black Gitarr bäibruecht huet an d'Initiativ hat, eng Band ze grënnen, nodeems e vum Black senger Gesangskonscht begeeschtert war.