Wéi kann e Literatur méi Visibilitéit ginn? Wéi kann e Schrëftsteller a Public e spannende Literatur-Owend bidden?

Zesumme mam Nationale Literaturzenter huet d'Kulturfabrik zanter 10 Joer all Wanter den Owend „Literatur(en) made in Luxembourg" um Programm. Keng klassesch Liesung, mä en Austausch vun Texter.

D'Iwwerraschung ass awer net nëmme fir de Public. Och d'Schrëftsteller Francis Kirps, Véronique Lasar, Jean-Marc Lantz, Pol Schmoetten, Jacques Steiwer a Larisa Faber an d'Musekerin Claudine Muno, déi nieft de geliesenen Texter hir Lidder gesongen huet, konnte sech géigesäiteg nolauschteren. Besonnesch nei Auteuren, wéi d'Actrice d'Larisa Faber, kënnen hei an eng aner Zen andauchen.

De nächste Literatur-Rendezvous an der Kufa ass den 10. Mäerz mam Owend „Word in Progress". „Literatur(en) made in Luxembourg" steet dann erëm an engem Joer am Kalenner.

© Kulturfabrik