Anna Karenina, Frankenstein, La Peste, Les fleurs du mal, Die Welt vun Gestern - Meeschterwierker, déi ee vläicht nach doheem stoen huet.

Kultur als virtuell Realitéit erliewen, ass dat eent, mä vläicht deet et och gutt, de Schierm mol zouzeklappen, oder sech bei der Streaming-Plattform auszeloggen. An da sicht ee Fräiheet an Oflenkung an der Fantasie, am Kapp – beim Liesen!

Elo wier dach de Moment, al Klassiker nei ze erliewen.

D'Sarah Rock huet der e puer erausgesicht.

Albert Camus: La Peste (Frankräich, 1947)

Op der Hand läit do scho bal dem franséische Schrëftsteller Albert Camus säi Roman La Peste aus dem Joer 1947. De Camus krut ënner anerem fir dee Roman de Literaturnobelpräis – an dat zu Recht.

D’Geschicht spillt zu Oran, an Algerien an de 40er Joren. Den Docteur Rieux muss no a no feststellen, datt d‘Awunner un enger mysteriéiser Longekrankheet leiden. Et stellt sech eraus, datt d’Pescht ausgebrach ass an d’Stad sech isoléiere muss.

De Camus, deen och Journalist a Philosoph war, huet an deem Roman net nëmmen eng interessant an héich aktuell Geschicht erzielt, déi op verschiddenen Interpretatiounsebenen gelies ka ginn. En huet en agréable Stil, schaaft eng gutt gräifbar Atmosphär an zeechent Figuren, wéi de Bernard Rieux a säin treie Noper, de Jean Tarrou, mat denen ee gär duerch d’Geschicht geet. Net ëmsoss huet d‘Buch och 75 Joer nom Zweete Weltkrich nach esou vill Wierkungskraaft.

Charles Baudelaire: Les Fleurs du Mal (Frankräich, 1857)

Wéisou net mol erëm Gedichter liesen? E vun de gréissten a wichtegsten lyresche Wierker an der Literatur ass dem Charles Baudelaire säi Fleurs du Mal. Mä bei der Publicatioun 1857 war net jiddereen där Meenung – den haut esou dacks zitéierte Baudelaire huet ganz Paräis skandaliséiert, huet de Prozess gemaach kritt a misse fir seng Gedichter eng déck Strof bezuelen. Grond war e Verstouss géint d’ëffentlech Sitten a Moral.

Och haut ginn et an deem zolitte Band nach brisant an tabuiséiert Themen. De Baudelaire lieft an erlieft seng moralesch Héichten an Déiften, seng Existenzkrisen als Mënsch a Kënschtler, vill Gedichter schwätzen iwwer Krankheet, Depressioun an Doud, ouni e Blat virun de Mond ze huelen, mee an enger eleganter Sprooch.

Genau esou ginn et awer vill Gedichter iwwer d’Schéinheet, d'Erotik, d'Sënnlechkeet, a virun allem e Verlaangeren nom Onbestëmmten. D’Gedichter klénge wéi Musek an hunn eng eege Faarf -et ass, wéi wann ee se kéint richen, schmaachen a fillen.

Lew Tolstoj: Anna Karenina (Russland, 1877)

Kaum e Schicksal ass esou dacks zitéiert ginn, wéi der Anna Karenina hiert. Wann ee sech un dem Lew Tolstoj säi Schmöker mécht, muss ee sech op ongeféier 1000 Säite gefaasst maachen… Awer wat sinn dat fir Säiten!

Mir sinn am Russland vum 19. Joerhonnert, reesen tëschent dem ale Moskau an dem nach jonke Sankt Petersburg, tëschent schicke Baler, wichtege Gesellschaften an intrigenhafte Familieproblemer hin an hier. D’Anna Karenina, eng gutt gestalten a vill bewonnert Fra, reest op Moskau bei hire Brudder. Schonn um Quai erbléckt si de jonken Offizéier Alexej Wronski. Si verléiwe sech a wëllen zesumme liewen.

Dem Anna säi Mann, deen e gudde Krack méi al ass, kann dat net akzeptéieren, verbitt dem Anna hire klenge Jong ze gesinn, an di russesch Gesellschaft aus dem 19. Jorhonnert deet sech bei Scheedungsfroen natierlech schwéier.

D’Anna Karenina ass d'Haaptfigur an engem Roman, eng Raritéit bis dohin. Den Tolstoj mécht mat sengem Choix, eng weiblech Haaptfigur ze huelen de gesellschaftleche Prisong an hir Humiliatioun ze weisen, e wichtegen Ufank.

A wann ee sech bis un di russesch Nimm am Buch gewinnt huet, flitt een iwwer d’Säiten – och wann een e Passage mat laange Beschreiwungen och mol iwwerfléien dierf. A fir déi, déi bei 1000 Säiten awer zécken, gëtt et déi rezentst Verfilmung vum Buch mam Keira Knightley.

Mary Shelley: Frankenstein (England, 1818)

Am 19te Joerhonnert goufen et och scho Schrëftstellerinnen, si haten et just vill méi schwéier a sinn dacks a Vergiessenheet geroden. Eng, déi sech bis haut behaapte konnt, ass d’Mary Shelley, an dat mat dem wuel bekanntsten Ongeheier vun der Welt: Frankenstein’s Monster.

Déi meescht kennen de fiktive Charakter aus Serien a Filmer wéi The Munsters oder der Addams Family. Mee do ass d’Monster just nach eng Karikatur.

An der richteger Geschicht ass et de jonke Wëssenschaftler Victor Frankenstein, deen e Liewewiesen erschaaft – säi Monster. Datt hien dat awer net méi kontrolléieren kéint, et en eegent Liewe féieren wéilt, fortlafe géing a verzweifelt versiche géing an der Welt acceptéiert ze ginn, domat huet de Victor net gerechent. Et kënnt haart op haart an dem jonke Wëssenschaftler säi Wierk gëtt tatsächlech e Monster, dat ausgestouss gëtt vun der Gesellschaft a sech brutal rächt.

Et ass e Roman, deen de Mënsch virdru warnt, sech net selwer ze iwwerschätzen, un d’Konsequenzen vu sengen Handlungen ze denken a Verantwortung ze iwwerhuelen. Bei där Aktualitéit ass et kaum ze gleewen, datt de Roman vun 1818 ass an d’Mary Shelley deemools eréischt 20 Joer al war!

Stefan Zweig: Die Welt von Gestern. Erinnerungen eines Europäers. (1942, Schweden/Eisträich)

Dem éisträichesche Schrëftsteller Stefan Zweig säi Buch Die Welt von Gestern - Erinnerungen eines Europäers, ass 1942 posthum erauskomm. U sech ass et eng Autobiographie a spéitstens mat dem heite Buch ass en zu engem Chroniqueur vu senger Zäit ginn.

En erzielt vu senger Kandheet, vum Liewen zu Wien, als Haaptstad vun engem Welträich, dat nom 1. Weltkrich eng komplett nei Struktur krut. Bis an den 2. Weltkrich eran konnt a wollt d'Stad hir besonnesch Plaz als kulturell Metropol behaapten.

De Stefan Zweig ass en Erzielkënschtler: Hie mécht aus engem Zäitdokument eng Geschicht, mécht keng laang Sätz a, keng dréchen, mee faarweg a poetesch Beschreiwungen. Aus all sengen Zäitzeien a Schrëftstellerfrënn gi Romanfiguren an obwuel ee jidderzäit kéint noliesen an och weess, wéi den historesche Verlaf war, sou erlieft een d’Geschicht nei, duerch d’Ae vun engem extrem kultivéierten, onermiddleche Pazifist an deemools schonn iwwerzeegten Europäer.

A fir all déi, déi d’Stad Wien an hiert Häerz geschloss hunn: no Die Welt von Gestern gesäit a versteet een d’Stad an d’Leit besser, wéi no all Reportage, Geschichts- oder Literaturcours.