Beléiften (Auto-)Biografien

© Pixabay
Ausgangsspär, Quarantän, Social Distancing... Fir d'Ausbreede vum Coronavirus ze bremsen, gouf dat ëffentlecht a soziaalt Liewen op quasi 0 erofgeschrauft.
Déi meescht vun eis mussen a sollen doheem bleiwen. Do stellt ee sech och scho mol d'Fro, wat ee mat där viller Zäit alles ufänke soll. Firwat net mol nees en interessant Buch liesen?
Mir hu fir Iech 4 beléifte Liewensgeschichten erausgepickt.
Michelle Obama – Becoming (USA, November 2018)
Als Fra vum Ex-US-President Barack Obama gouf déi geléiert Affekotin Michelle Obama 2009 zu der éischter afroamerikanescher First Lady vun Amerika.
Vum Wäissen Haus aus huet si sech, ënnert anerem fir Fraen- a Kannerrechter an eng besser Bildung an aarme Länner agesat. Haut zielt si zu deenen aflossräichste Frae vun der Welt.
An hirer Autobiografie "Becoming" erzielt déi sympathesch Ex-First-Lady oppen an éierlech hir Geschicht. Vun hirer Kandheet an engem einfachen Aarbechterquartier vun Chicago, iwwer hir Karriär als Affekotin an hir Erfarungen als beruffstäteg Mamm vun zwee Meedercher, bis hin zu hirem Familljeliewen am Wäissen Haus.

© becomingmichelleobama.com
Edward Snowden - Permanent Record (USA, September 2019)
2013 huet den Edward Snowden mat 29 Joer säi ganzt Liewen op d'Spill gesat, fir de System vun der Masseniwwerwaachung duerch d'US-Regierung opzedecken an ëffentlech ze maachen.
A senger Autobiografie "Permanent Record" gëtt deen amerikanesche Whistleblower an Ex-Geheimdéngschtmataarbechter net just een Abléck a seng ganz perséinlech Liewensgeschicht, ma hie mécht der Welt och seng Entscheedunge besser verständlech, andeems en Iwwerwaachungssystemer an de Rechtsstaat erkläert.

© ernster.com
Eric Stehfest – 9 Tage wach (Däitschland, Mäerz 2017)
Deen däitsche Schauspiller Eric Stehfest ass virun allem fir seng Roll vum Chris Lehmann bei "Gute Zeiten, Schlechte Zeiten" bekannt. Nieft der Schauspillerei setzt hie sech aktiv fir d'Drogepreventioun an. A n dat aus gudden Grond.
Hie war jorelaang vu Crystal Meth ofhängeg, eng vun deene geféierlechsten Drogen iwwerhaapt. Ee 9 Deeg laange Rausch hätt hien a senger Jugend ëm een Hoer d'Liewe kascht.
A senger Biografie "9 Tage wach" verschafft dee jonken Acteur seng däischter Vergaangenheet. Ganz onverblimmt erzielt hie vu senger Zäit an der Drogenzeen a vu sengem haarden awer erfollegräiche Kampf aus der Sucht.
De 15. Mäerz hat de Bestseller op ProSieben och als Filmdrama Première gefeiert.

© thalia.de
Gesa Neitzel - Frühstück mit Elefanten: Als Rangerin in Afrika
2014 hat d'Gesa Neitzel sech wärend enger Rees mat Frënn an d'Wildnis vu Südafrika verléift. Ee Joer drop huet déi deemools 28 Joer al Fra hiren Job als Redactrice zu Berlin gekënnegt, fir sech am Kruger Nationalpark zur Rangerin ausbilden ze loossen. Haut lieft si mat hirem Partner zu Botswana a féiert als Safari-Guide Mënschen aus aller Welt duerch den afrikanesche Busch. An hirem Buch "Frühstück mit Elefanten", dat 11 Woche laang op der Lëscht vun de Spiegel-Bestseller stoung, erzielt d'Gesa Neitzel vun hirer Ausbildung am gréisste Wëldschutzgebitt vu Südafrika, vum Challenge fir sech an enger ganz friemer Welt erëmzefannen an natierlech vu faszinéierende Rencontere mat Elefanten, Léiwen a Co.

© amazon.de