Eng Liesung mam Tom Hillenbrand, e Wonschconcert vum Passenger, ganz vill Lëtzebuerger Bicher an e Concours fir jonk Schrëftsteller.

D'Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D'Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Online-Liesung mam Tom Hillenbrand

D'Liesung vum Tom Hillenbrand, déi fir Enn Abrëll an der Cité Bibliothéik geplangt war, ass leider ofgesot. Den Auteur, dee jo hei zu Lëtzebuerg zemol duerch seng Xavier Kieffer-Krimien bekannt ass, huet sech awer eppes afale gelooss an huet seng Liesungen einfach an de Cyberspace verluecht!
En Dënschdeg den Owend um 19 Auer liest en aus sengem Science-Fiction Roman Hologrammatica, deen am Joer 2088 spillt. De Galahad Singh ass e Questor, eng Zort Privatdetektiv, deen eng vermësste Persoun siche soll. Just, an dëser Welt ass näischt esou, wéi et ausgesäit...

Tom Hillenbrand iwwer Hologrammatica

Iwwregens, ganz nei erauskomm ass den zweeten Deel vun dësem Roman mam Titel “Qube”.

© Tom Hillenbrand

All Sonndegowend: Wonschconcert mam Passenger

De Mike Rosenberg, besser bekannt als Passenger, war schonn e puer Mol fir Concerten hei zu Lëtzebuerg an am Juli soll e beim Wëlzer Festival dobäi sinn.

Fir dass senge Fans d’Zäit an der Quarantän net ze laang gëtt, spillt en all Sonndegowend um 20 Auer eiser Zäit en Isolation Sunday Wonsch-Concert op sengem Youtube-Kanal.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Fir den nächste Sonndeg proposéiert hien ee ganzen Album, live an a voller Längt.

All d'Detailer ginn et op senger Facebooksäit oder op senger Homepage.

Lord.lu: Lëtzebuerger Contenue géint Corona-Flemm

Lëtzebuerger Contenue géint Corona-Flemm, dat proposéiert Lord.lu. Online kënnt Dir vun iwwer 1300 Bicher, Zeitungen, Filmer a Museksproduktioune vu Lëtzebuerger Kreative profitéieren.

© Lord.lu

Dir bestellt haut a gitt muer beliwwert, ouni Fraisen, direkt vum Editeur oder iwwert d’Online-Presenze vun de Librairien. An dobäi ënnerstëtzt Dir niewebäi och nach d’Lëtzebuerger Kulturzeen, déi et momentan och net einfach huet, fir iwwer d’Ronnen ze kommen.

Prix Laurence: Concours fir jonk Schrëftsteller

Dir hutt tëscht 12 a 26 Joer, sëtzt an der Quarantaine a langweilt iech einfach…Meeeegaa?
Da gitt kreativ a schreift en Text fir de Prix Laurence!

© Gemeng Beetebuerg

D’Deadline fir de Schrëftstellerconcours fir jonk Talenter bis 26 Joer gouf nämlech op den 23. Abrëll verréckelt. Och wann de Beetebuerger LiteraTour-Festival aus de bekannte Grënn huet missten ofgesot, respektiv verréckelt ginn, freeë sech d’Organisateuren an de Jury ëmsou méi op Är Texter.

All Detailer fannt Dir op www.prixlaurence.lu