Nodeems mer lo an déi drëtt Woch vun der Quarantän kommen, misst et deem Leschte bewosst ginn, datt dat hei e Marathon ass, kee Sprint.

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht kann een d’Mënschheet retten, andeems een um Kannapee bleift an d’Tëlee kuckt. A fir dat net an de Sand ze setzen, gëtt et eng Rei Serien, déi kënnen hëllefen, Doheem ze bleiwen.

De Sam an den Dean Winchester maache Juegd op Monsteren. Si reesen am Dean sengem schwaarzen 1967er Chevrolet Impala kräiz a queesch duerch d’USA op der sich no iwwernatierleche Kreaturen. Nieft dem Monster vun der Woch geet et awer och ëm hir Relatioun, si streiden a verdroe sech erëm, wéi Bridder dat ebe maachen. An der éischter Saison geet et ëm d’Sich no hirem Papp, de verschwonnen ass, a spéidere Staffele gi se gewuer, dat et hiert Schicksal ass, d’Apokalypse ze verhënneren.

D’Serie zeechent sech aus duerch e sarkasteschen Toun an Horrorelementer, de Kampf tëscht Gutt a Béis, grad wéi duerch Episoden, déi d’Perceptioune vum Public op d’Kopp dréien.

Et gëtt d'Serie zanter 2005 an se sollt ursprénglech nëmme 5 Staffelen daueren, an der Tëschenzäit leeft déi 15. a lescht Saison op der amerikanescher Tëlee.

Op Amazon kann en déi 267 Episode vun deene 13 éischte Staffele kucken, dat misst esouguer engem richtege Serien-Junkie duergoen, fir e puer Wochen ze fëllen. Wee sech e bëssen andeelt a just 4 Episoden den Dag kuckt, misst bis Mëtt Mee domat kommen. Bis dohin wäert d’Apokalypse jo hoffentlech iwwerwonne sinn.

Supernatural kann een op Amazon kucken, et gëtt 13 Staffelen.

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"