Vun en Dënschdeg un
"LuxFilmFest Home Edition" op VOD.lu

© RTL Archiv
LuxFilmFest, de Lëtzebuerger Filmfong, d‘Filmakademie a VOD.lu offréiere vun en Dënschdeg un e ganz speziellt Erliefnis.
Hei eng Lëscht mat de Kuerzfilmer, déi vun en Dënschdeg un op VOD.lu accessibel sinn:
Showcase: Shorts Made in/with Luxembourg:
- Abigail vum Nicolas Debray
- Absence vum Florian Beros
- Faleminderit vum Nicolas Neuhold
- Glow vum Fred Neuen & Mik Muhlen
- Halligalli vum Govinda van Maele
- If We Smarten Up vum Larisa Faber
- Lupus vum Laurent Prim
- Westwand vum Philip Krieps
Ma och vill Lëtzebuerger Produktiounen a Koproduktioune wäerten op VOD.lu gewise ginn:
- Dreamland vum Bruce McDonald
- Jumbo vum Zoé Wittock
- Norie von Yuki Kawamura
- River Tales von Julie Schroell
- Tune into the Future von Eric Schockmel
Eng Partie Rechter fir Filmer ginn den Ament nach ausgehandelt, déi endgülteg Lëscht wäert op VOD.lu ze fanne sinn a gëtt och reegelméisseg erweidert.
Weider gëtt och präziséiert, dass och Filmer aus fréieren Editioune vum LuxFilmFest wäerten op VOD.lu dobäikommen.
Am meeschte gelies