Zanter 5 Joer séngt d'Tita an der Chorale vun Heischent a gehéiert do schonns zur agespillter Ekipp.

D'RTL-Emissioun Success Story ass net nëmmen eng Casting Show, mä kann och Leit verbannen. An der Editioun 2020 vun der Success Story sinn ënnert de Finalisten och d’Tita an de Sylvain, deenen hire Projet en indonesesche Foodtruck ass.

D’Tita ass gebierteg aus Indonesien a koum virun 9 Joer op Lëtzebuerg a konnt an der Sendung op RTL Télé d'Häerzer vun de Spectateure gewannen.

Zanter 5 Joer séngt d'Tita awer och an der Chorale vun Heischent a gehéiert do elo schonns zur agespillter Ekipp.

Mir ware bei de Prouwen derbäi a konnten eis dervunner iwwerzeegen, wéi Integratioun iwwert dëse Wee funktionéiert.