Siwe Geschichten vun der Raup Lalumi kann een nach ëmmer op CD entdecken. Eng Geschicht kann een hei ganz lauschteren "Iwwert de grousse Séi".

D'Lalumi ass eng ganz léif kleng Raup, déi an hirer Wiss ganz vill flott Aventure mat hire Frënn erlieft. Ëmmer erëm huet d'Lalumi awer Honger a wat se méi maufelt, wat se sech ëmmer méi verwandelt. Fir d'éischt an eng Popp an dono an e wonnerschéine Päiperlek.

Siwe vun de Lalumi-Geschichte vum Luc Marteling mat Illustratioune vum Paulette Thinnes-Kauffmann (déi an 3 Bicher bei den Editions Saint-Paul publicéiert goufen) sinn op enger CD als Lauschtergeschichten an Zesummenaarbecht mat RTL a mat bekannte Stëmme vum Radio an der Tëlee erauskomm.

31/03/2020 CD "Lalumi-7 Geschichte vun der klenger Raup"

D'Bicher an d'CD sinn bei den Editions Schortgen ze kréien.

Um Youtube-Channel vum CNL, dem Lëtzebuerger Literatur-Zenter, kann een och d'Geschicht "Lalumi Alles just gedreemt" gesinn.