Ilan Schneider
De Solobraatschist Ilan Schneider huet Musek vum Johann Sebastian Bach vun doheem aus gespillt.
Den Ilan Schneider ass a Litauen gebuer an huet a senger Heemecht Vilnius seng éischt musikalesch Ausbildung gemaach. Dono huet et hien op Tel Aviv, Wien a Gent verschloen fir sech weider auszebilden.
Als Solist steet hien ëmmer erëm mat bedeitenden Orchesteren a Kammermuseker op internationale Bünen. Den Ilan Schneider ass 1. Solobraatschist am OPL.
Den Dënschdeg den Owend um 20:00 Auer huet hie Solomusek vum Johann Sebastian Bach gespillt.
Ilan Schneider
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit "Live aus der Stuff".