Shapes ass e Projet, dee sech Studenten ausgeduecht hunn, fir eng Plattform opzebauen, déi geduecht ass, lokal Artisten an hir Musek z'ënnerstëtzen.

De Matgrënner vu Shapes, den Johny Ribeiro, erkläert am RTL-Interview:"Shapes versicht also eng Community opzebauen an dann dëser Community Lëtzebuergesch Artiste méi nozebréngen. D’Zil ass och der Community en bléck hannert Kulisse kënnen ze verschafen, fir och den Artist besser kënnen ze verstoen."

D’Iddi ass u sech scho virun engem Joer an de Käpp vun de Grënner vu Shapes entstanen. An eisem Ëmfeld hunn ëmmer méi Leit ugefaange mat rappen a kuerz drop hunn déi éischt och schonn tëscht 50.000 an 100.000 Views arescht, dat wéi gesot fir e lëtzebuergesche Rap-Video.

"Musek ass einfach eppes wat jidderee verbënnt, jidderee lauschtert Musek a firwat soll eis Musek net sou gutt sinn, wéi déi auslännesch Musek? Sief et Rapper wéi de Brooze, Maz oder Sänger wéi de Chaild oder d‘Nelly, déi weisen, dass hei méi wéi genuch Talent ass, dat ee pusche kann."

Momentan si 7 Kënschtler scho virgestallt ginn, ënner anerem de Bazooka Brooze (Rapper vun Esch, 23 Joer) an d’Tzunamy (Dj, 23 Joer). D'Presentatioun vun der Plattform a weider Fakte fannt dir iwwert dës Links:

Momentan ass een emol op Facebook an Instagram present, Shapes suivéiert dann och fir de Moment eng Campagne, fir d'Artiste virzestellen: "Eis 1. Campagne baséiert drop pro Post, de Fokus op ee spezifeschen Artist ze leeën. Den Artist gëtt vun eis am Viraus kontaktéiert an op déi verschidden Äntwerten, déi mir kréien, stelle mir eng Presentatioun am "Steckbréif"-Format op, mat deenen interessantste Fakten zu sengem privaten a professionelle Liewen. D’Community op eise Säite kann dëse "Steckbréif" da liesen. Niewebäi versiche ma dann natierlech och d’Community sou gutt et geet mat z'integréieren an hinnen eppes Qualitatives unzebidden, wéi z.B. eis Faceoff-Story, wou déi eenzel Leit ëmmer konnten tëscht 2 Artiste wielen. Wann genuch nei Lidder d’Woch rauskommen, stelle mir déi dann och an eiser Story ëmmer Sonndes fir!"

Jiddereen dee Musek genéisst a sech méi mat Artisten aus eisem Land wëll auserneesetzen, ass agelueden, vun der Plattform ze profitéieren. D'Plattform "Shapes" ass do, fir Contenu a Support op soziale Medien unzebidden, e Support, deen et esou schonn an aner Länner op d'mannst 10 Joer gëtt.

Ma wéi eng Artiste kënne sech bei der Plattform mellen?

"U sech ka sech all Kënschtler bei eis mellen, deen e Spotify oder Youtube-Kanal huet oder eppes anescht kann opweisen, dat Kapp a Fouss huet! Mir wëlle ganz kloer eng Community fir déi lokal Musek opbauen! Mir si ganz oppen, eis Alles unzelauschteren an och aner Museksrichtunge virzestellen, déi net sou Mainstream sinn."