Schauspiller aus Europa hu sech zesummegedoen, fir e Literaturmeeschterwierk opliewen ze loossen.

Wéi kënne grouss, länneriwwergräifend Projeten entstoen, wann een als Kënschtler net an e Proufraum dierf a seng Aarbechtskolleegen net ka gesinn? De franséische Regisseur Sylvain Creuzevault hat eng Iddi: Firwat net an d’Literaturgeschicht siche goen?

21/04/2020 Kultur trotz Corona: Lauschterbuch "Decamerone"
RTL

© Burgtheater Wien

Hien ass dobäi net beim Camus senger Peste hänke bliwwen, mä an d'14. Joerhonnert zréckgaangen, an zwar an Italien bei den Giovanni Boccaccio a säin Il Decamerone – e Wierk, wat fir d’Literatur genau esou wichteg ginn ass, wéi dem Homer seng Iliade an Odyssee oder dem Dante seng Divina Commedia.

Den Decamerone passt esou gutt an eis Zäit, well am 14. Joerhonnert, wéi d’Wierk entstanen ass, zu Florenz déi schwaarz Pescht war a vill Leit aus der Stad op d’Land geflücht sinn, fir sech z’isoléieren.

Stéchwuert Quarantän. Am Decamerone sinn et siwe Fraen an dräi Männer, déi sech op engem Haff an der Toskana verschanzen a sech - wat solle se soss anescht maachen an enger Zäit ouni Smartphone, Youtube a Facebook - Geschichten erzielen. All Dag ass en aneren drun, d'Frënn mat senger Fantasie ze ënnerhalen.

RTL

© John William Waterhouse

Mat dem Decamerone am Kapp, huet de Sylvain Creuzevault elo en Appell un all Schauspiller an Theater-Acteure lancéiert, déi hie kannt huet. All Dag soll en aner Acteur eng Geschicht aus dem Decamerone aus senger privater Quarantän-Héichbuerg virliesen.

Dat kann a verschiddene Sprooche sinn, virun allem ass et Däitsch, Franséisch an Englesch. De Succès ass grouss: aus Frankräich iwwer Däitschland, Éisträich bis an Island hu sech seng Schauspill-Kolleege gemellt, fir matzemaachen.

De Rendezvous all Dag um 8 Auer ass mëttlerweil fest, well all Dag gëtt et eng nei Geschicht vun engem anere Schauspiller.

An ënner all Toundokument gëtt et och de Link mam PDF fir déi, déi d’Geschicht emol a Rou wëlle noliesen.

D’Resultat no der 100. Geschicht wier domat e Sammelwierk, dat wuel als dat gréisst europäescht Lauschterbuch ka gëllen.