Hie gëllt als ee vun de wichtegste Schauspiller an der franséischer Filmgeschicht. De Michel Piccoli ass am Alter vu 94 Joer gestuerwen.

Den Acteur ass den 12. Mee no engem Schlag verscheet. Seng Famill huet säin Doud elo eréischt matgedeelt. De Michel Piccoli war an de 60er a 70er Joren ee vun de bedeitende franséische Charakter-Schaupiller. Ënnert anerem un der Säit vum Romy Schneider.

Hien huet an iwwer 200 Filmer matgespillt.