Mat senger Serie "Die Mutationen" huet den Auteur Francis Kierps den "European Union Prize for Literature 2020" fir Lëtzebuerg gewonnen.

"Die Mutationen" ass eng Kollektioun vu 7 Kuerzgeschichten, eng dovu mat Textpassagen op Lëtzebuergesch, an engem Gedicht op Däitsch.

Mat senger humoristescher Manéier konnt de Francis Kirps de Jury iwwerzeegen. Seng Geschichte reviséieren ënner anerem Texter vum Virginia Woolf, Kurt Tucholsky, Franz Kafka, Propser Mérimée, Heinrich von Kleist, Marie von Ebner-Eschenbach an Ingeborg Bachmann, wéi och Deeler aus dem Märche vum Routkäppchen.

Am Kader vum Programm "Creative Europe" gëtt den europäesche Literaturpräis all Joer un Auteuren aus verschiddenen europäesche Länner verdeelt. Dëst Joer war nieft 12 anere Länner, och Lëtzebuerg un der Rei fir e Laureat ze proposéieren. De Gewënner fir 2020, de Francis Kirps, ass iwwregens och op der Shortlist fir de Servais-Präis. D'Bea Kneip huet d'Detailer.

Fréier EUPL-Gewënner fir Lëtzebuerg:

2010 – Jean Back, Amateur (Ultimomondo, 2009)
2013 – Tullio Forgiarini, Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik (Editions Guy Binsfeld, 2011)
2016 – Gast Groeber, All Dag verstoppt een aneren(Op der Lay, 2016)
2018 – In the EUPL writing contest „A European Story: EUPL Winners write Europe“, Jean Back and Gast Groeber were awarded first prize ex aequo by members of the European Parliament.