
Ee vun der Lëscht vun de meescht gesichte Verbriecher vun Europa koum en Dënschdeg de Mëtteg virun de Riichter vun der 23. Chambre correctionnelle. Ma d’Sëtzung war no 20 Minutten och schonn nees eriwwer, dem Ugeklote säin Affekot hat nämlech säi Mandat leschte Freideg néiergeluecht, well hien net bezuelt gi wier.
Dem Ugeklote vun haut 59 Joer gëtt Fälschung, benotze vun engem gefälschten Dokument a Bedruch an de Joren 2013 an 2014 reprochéiert. De gebiertege Lëtzebuerger, dee bei senger Verhaftung a Griicheland gelieft huet, soll sech ënner anerem als räiche Geschäftsmann an erfollegräichen Affekot ausginn hunn an domat Investisseure 5,4 Milliounen Euro geklaut hunn, fir säin ausschwäifend Liewen ze finanzéieren.
Nodeems hien am November 2024 op d’Lëscht vun de meescht gesichte Persounen an Europa komm war, konnt hien ee Mount drop zu Athen festgeholl ginn.
Iwwer 16 Méint scho wier hien an Detentioun an zanter siwe Méint zu Lëtzebuerg am Prisong, sot den Ugekloten en Dënschdeg de Mëtteg virun de Riichter. Hien hätt seng Famill a Griicheland, kéint keng Sue verdéngen an hätt awer zwee Kanner, déi studéieren.
Well hien Angscht hätt, dass de Prozess ëm e Joer reportéiert géing ginn, wier hien och bereet, sech selwer ouni Affekot ze verdeedegen, huet hie betount. Relativ séier ass awer kloer ginn, dass de Mann bis elo net emol en Abléck a säin Dossier hat, sech deemno och net géint Reprochen, déi hien net am Detail kennt, verdeedege kéint.
No kuerzer Diskussioun huet den Ugeklote sech vun der virsëtzender Riichterin den Numm vun engem Affekot am Strofrecht gi gelooss – och wann dëst de Prozess ka maximal ëm zwee bis dräi Méint verréckelen.
De Prozess war op zwee Deeg ugesat an ass elo op onbestëmmten Zäit verréckelt. Och eng ganz Partie Parteie waren do, fir sech Partie civile am Prozess ze constituéieren.