D'CSV am DialogLandwirtschaft muss eng wesentlech Roll spillen!

Dany Rasqué
D'Landwirtschaft an d'Entwécklung am ländleche Raum stoungen en Dënschdeg zu Lëpschent am Mëttelpunkt. D'CSV hat dohinner invitéiert, fir am Dialog mat de Leit ze sinn.

De Parteipresident a Premier Luc Frieden huet ënnerstrach, d’Politik géif een net vun uewen no ënne maachen, mä mat de Leit. Si haten en Dënschdeg den Owend d’Méiglechkeet, Froen ze stellen an duerno beim Patt mam Premier, der Landwirtschaftsministesch an enger Rei Deputéierten ze diskutéieren.

CSV am Dialog: Landwirtschaft muss wesentlech Roll spillen / Rep. Dany Rasqué

Zu Lëtzebuerg ginn et nach eng 1.600 landwirtschaftlech Betriber. Traditionell huet de Bauer Fleesch a Mëllech produzéiert, mä d’Betriber mussen ëmdenken. De Marc Jacobs huet dat scho gemaach, wéi hien de Betrib doheem iwwerholl huet, gouf et keng fix Produktioun méi, esou datt hien d’Fräiheet hat, dat ze maachen, wat him am Beschte läit.

“D’Geméis huet enorm Potenzial. Ech sot mer, ech hunn zwou Hänn, ech hunn e Produktiounsstanduert, mat deem kann ech do eppes erreechen, mat deem kann ech eppes maachen, et ass e Maart do an ech hunn ugefaangen. An ech hu mat de Courgetten ugefaangen. Ech hunn am Mee déi éischt Courgette geplanzt an ech hunn am Juni déi éischt gepléckt, am Juli waren déi éischt Suen um Kont. An do ass d’Geméis flott, fir unzefänken. Dat muss een einfach soen.”

D’CSV huet sech virgeholl, d’Liewensmëttelproduktioun zu Lëtzebuerg weider auszebauen an ze diversifiéieren. Dat soll zum Beispill mat deem neien Zäregesetz erreecht ginn an et gëtt och schonn eng Iddi, wat ee mat ee mam Geméis ka maachen, och wa se nach an de Kannerschong stécht.

“Mir sinn elo amgaangen, eng Etüd ze maachen, fir ze kucken, ob eng Nofro do ass, fir e Geméis déif ze fréieren hei zu Lëtzebuerg. De Kabes, dee kanns de Sauer amaachen, mee du brauchs och nach soss Konservéierungsverfaren. A mir hunn zwar d’Méiglechkeet, d’Veraarbechtungsbetriber ze ënnerstëtzen, mee meeschtens brauche mer do eng Zesummenaarbecht, well et geet net eleng, wann een dat mécht.”

Baueren, déi en neie Wee aschloen, hunn et net ëmmer einfach, hir Produiten ënnert d’Leit ze bréngen an do kann de Leader si duerch verschidde Projeten a Reseauen ënnerstëtzen, erkläert d’Joelle Ferber:

“Ganz vill Bauere probéieren een zweet Standbeen opzebauen, sief et am Geméis oder an anere Beräicher a si kommen awer séier un hir Grenzen, well se eebe keen Expert sinn, fir hir Produkter ze vermaarten. Si sinn den Expert am Produkter maachen, prett ze maache fir op de Marché a wann et dann op dee professionellen Niveau iwwergeet, da sinn d’Erausfuerderungen awer scho grouss.”

Wann ee vum ländleche Raum schwätzt, geet et awer net just ëm d’Landwirtschaft. Och d’Betriber fannen am Norden den néidege Kader, fir ze wuessen, huet den CSV-Deputéierten Emile Eicher ënnerstrach. Vum Handwierk iwwert den Tourismus, Start-ups a Fuerschung. De ländleche Raum wier esou attraktiv wéi nach ni.

Back to Top
CIM LOGO