Champions LeaguePSG an Atletico Madrid stinn an der Halleffinall

Ted Koob
D'Fransousen hunn och déi zweet Partie zu Liverpool gewonnen. Atletico ass trotz enger knapper Néierlag géint Barcelona en Tour weiderkomm.
© PAUL ELLIS/AFP

En Dënschdeg den Owend stoungen an der UEFA Champions League déi éischt Retourmatcher vun de Véierelsfinallen um Programm. No der 2:0-Victoire am Allersmatch konnt de PSG och déi zweet Partie auswäerts géint Liverpool mat 2:0 gewannen. An der 2. Hallschent stoungen d’Fransousen ënner Drock, den Englänner ass awer kee Gol gegléckt. Dem Dembélé sinn an de leschten 17 Minutte zwee Goler gelongen.

De Comeback vu Barcelona ass an der 2. Partie net gegléckt. D’Ekipp vum Hansi Flick war bei Atletico Madrid séier mat 2:0 vir, d’Heemekipp konnt awer reagéieren an den 1:2 markéieren. An der 2. Hallschent sollte keng Goler méi falen, esou datt Atletico den 2:0-Avantage aus dem Allersmatch duergaangen ass, fir sech nieft PSG fir d’Halleffinall ze qualifizéieren.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Liverpool - PSG 0:2
0:1 Dembélé (73'), 0:2 Dembélé (90+1')

Déi bescht Zeenen aus dem Match Liverpool géint Paris Saint Germain
Et huet bis zur 73. Minutt gedauert bis Paräis de Score opmaache konnt.

PSG huet an den éischte Minutten zu Liverpool do weidergemaach, wou d’Ekipp vum Luis Enrique am éischte Match opgehalen hat. D’Gäscht hu mat schnelle Kombinatiounen no vir gespillt a sech gutt Chancen erausgespillt. No engem schlechten Degagement vum Mamardashvili koum den Dembélé an der 10. Minutt un de Ball, de Golkipp vu Liverpool konnt säi Feeler mat enger Parad gutt maachen. Siwe Minutte méi spéit war et op en Neits den Dembélé, deen de Ball aus kuerzer Distanz iwwer de Gol gesat huet. Op der Säit vun der Heemekipp war et ëmmer nees de Szoboszlai, dee probéiert huet seng Ekipp an déi geféierlech Raim virun de Gol ze bréngen.

An der 31. Minutt hat d’Heemekipp dunn déi grouss Chance op den 1:0. No enger Flank huet de Safonov en deviéierte Schoss vum Hakimi misse paréieren, de Marquinhos konnt de Noschoss vum van Dijk virun der Linn klären. D’Confiance vu Liverpool war elo méi grouss, weider Chancë bloufen awer aus. Mam 0:0 sinn d’Ekippen an d’Kabinne geschéckt ginn.

Nom Säitewiessel huet Liverpool den Tempo erhéicht a sech gutt Méiglechkeeten erausgespillt. De Gakpo ass um Safonov hänke bliwwen an de Gomez huet no engem Corner driwwer gekäppt. D’Gäscht koumen an den éischte 15 Minutte quasi net aus der eegener Hallschent eraus, Liverpool konnt awer kee Gol markéieren. D’Reds hunn eng Ugrëffswell no der anerer gestart, ware virum Gol awer net präzis genuch. McAllister (68') an Ngumoha (71') hu weider Geleeënheete leie gelooss. Op der anerer Säit huet de PSG äiskal zougeschloen. Mam éischte Golschoss an der 2. Hallschent huet den Dembélé seng Faarwen an der 73 Minutt a Féierung bruecht. Den Elan vu Liverpool war fort an d’Fransouse konnten an der Nospillzäit duerch den Dembélé op 2:0 erhéijen.

PSG spillt an der Halleffinall géint Bayern oder Real Madrid, déi Partie gëtt um Mëttwoch den Owend um 21 Auer ugepaff.

Atletico Madrid - Barcelona 1:2
0:1 Yamal (4'), 0:2 Ferran Torres (24'), 1:2 Lookman (31')

De Resumé vun der Partie Atletico - Barcelona


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO