De Regisseur ass schonn de 17. Juni a sengem Haus am US-Staat Washingtonvercheet, wéi seng Duechter um Mëttwoch matgedeelt huet.

Dat wuel bekanntstent Wierk vum US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur ass "The Great Santini" aus dem Joer 1989, mam Robert Duvall an der Haaptroll. De Film spillt 1962 an erzielt d'Geschicht vun engem brutale Pilot an der US-Marinn a Familljepapp. De Lewis John Carlino hat och d'Dréibuch geschriwwen a gouf dofir fir en Oscar nominéiert.

Donieft huet de Carlino a senger iwwer 50 Joer laanger Karriär och mat Filmlegende wéi dem Rock Hudson an dem Mel Gibson zesummegeschafft.