Fir "Superhero" krut den Émile V. Schlesser op der Editioun 2020 vum Kuerzfilmfestival vun der Chaîne vum NBC-Reseau den Haaptpräis.

Hie wënnt d'Méiglechkeet un engem Fërderprogramm vun den Universal Studios, nieft 15.000 Euro Präisgeld.

"Superhero" vum Emile V. Schlesser

Schonn als Kand a Jugendlechen huet de Emile Schlesser sech gär a vill mam Film beschäftegt. Spéider huet hie sech decidéiert, op der Kunstakademie zu Düsseldorf Molerei ze studéieren an huet duerno nach e Video & Film-Studium dru gehaangen an ass do souguer als "Meeschterschüler" eraus gaangen.

Senger Passioun fir d'Molerei geet e nach ëmmer no, ma de Film steet awer un éischter Stell. Elo ass hie fir d'éischte Kéier mat engem Präis fir seng Leeschtung ausgezeechent ginn. Fir säi Kuerzfilm "Superhero" huet hien den 1. Präis beim "13th Street Shocking Short Awards" gewonnen.

Superhero

Zanter Klengem un sinn de Max an d'Tess befrënnt. Fir de Max, deen Trisomie21 huet, ass et awer méi..., hie wëll dem Tess seng Léift gestoen an daucht dowéinst als Superheld verkleet op sengem Abschidsfest op. Ma hatt ass hin an hier gerappt tëscht der Persona, déi hatt viru senge Kolleege spille wëll a senge richtege Gefiller fir de Max. Dee geréit doduerch séier an eng Situatioun, déi bemol fuerchtbar schif leeft.

D'Iddi fir e Film iwwert e jonke Superheld, deen onerwënscht ass, ze maachen, hätt den Emile Schlesser scho méi laang gehat. Am Abrëll 2018 huet hien ugefaangen, um Skript fir de Kuerzfilm ze schaffen. Ee Mount drop hat e schonn de fäerdegen Draft, deen en du sengem Produzent a gudde Frënd, dem Fabien Colas, zu Cannes um Festival gewisen huet. Op der Platz ass decidéiert ginn, dass si de Film zesumme realiséieren.

"Superhero ass eng gutt erzielten, spannend, Geschicht mat reellen an ambivalente Figuren", dat sot déi däitsch Regisseurin Caroline Link, déi mat an der Jury souz, zum Film. Dass den Emile Schlesser dëse Präis fir säi Kuerzfilm gewonnen huet, géif him immens vill bedeiten. Et ass déi alleréischt Auszeechnung, déi hie fir seng Aarbecht kritt huet, ma donieft ass et och en immens grousse Präis. Nieft dem Präisgeld am Wäert vu 15.000 Euro, mat deem de Kënschtler direkt säin nächste Projet an Ugrëff huele kann, huet hien och eng Plaz an engem Fërderprogramm vun den Universal Studios zu Hollywood gewonnen.

"[...] Do kréien ech d'Geleeënheet e Bléck hannert d'Kulissen ze werfen an ech kréien en Abléck an hier Prozesser, kreativ an organisatoresch. Ech gesinn da wéi esou e groussen amerikanesche Studio gefouert gëtt. An wann ech esou kucken, wien an deene leschte Joren do esou gewonnen huet, fillen ech mech wierklech enorm geéiert, dass ech zu deem "Klippchen" elo däerf gehéieren. Dat mécht mech immens stolz an et mécht mer Courage a motivéiert mech fir direkt déi nächst Projeten an Ugrëff ze huelen.", esou den Emile Schlesser selwer.

Den nächste Projet soll dann erëm e Kuerzfilm sinn - eng Komedie mat schwaarzem Humor iwwer den Zerfall vun enger etabléierter Famill. Eppes ganz anescht also. Am Hierscht soll mat den Dréiaarbechten ugefaange ginn. Ma den Emile Schlesser huet de Lockdown och genotzt, fir ganz vill weider Dréibicher ze schreiwen, dorënner natierlech e ganze Koup Kuerzfilmer, ma den éischte Spillfilm wier awer och schonn envisagéiert.