Am Alter vun 71 JoerLëtzebuerger Auteur a Literaturkritiker Jean Sorrente gestuerwen

Roy Grotz
De renomméierte Lëtzebuerger Auteur, deen ënnert dem Pseudonym Jean Sorrente publizéiert huet, ass dout.
© Hydra Editions

De Jean-Claude Asselborn, wéi de gebiertege belsche Schrëftsteller mat richtegem Numm geheescht huet, ass am Alter vun 71 Joer verscheet - dat zwou Woche viru sengem Gebuertsdag.

De Literat, deen och Literaturkriticke redigéiert huet, war bis zu senger Pensioun Franséischprofesser am Stater Kolléisch - virdru war hien Enseignant am Iechternacher Lycée.

Promouvéiert hat den Auteur 1985 op der Stroossbuerger Uni iwwert de Montaigne.

De Jean-Claude Asselborn huet seng Wierker exklusiv op franséisch geschriwwen, déi och ënnert den Nimm Claude Méréan an Alphonse Maintes editéiert goufen.

2003 war de Servais-Präis fir dem Jean Sorrente säi Wierk "Et donc tout un roman", 1998 hat hien de Prix de la Libre Académie de Belgique fir säi komplett literarescht Wierk an d'Buch "Le Vol de l'Aube" kritt.

Do dernieft war 1993 den Tony-Bourg-Präis fir de Roman "Nuits", dat an den Editions Phi erauskomm war.

De Jean Sorrente hat e ganz breede Spektrum u Frënn an der Konschtzeen, dorënner ënnert anerem de Robert Brandy an de Jean-Marie Biwer, mat deenen hien och Bicher erausginn huet.

Vill Chroniken an Texter vum Auteur sinn och an "nos cahiers", dem Lëtzebuerger Wort an dem Tageblatt erauskomm.

Wärend 18 Joer hat de Jean Sorrente och eng reegelméisseg Chronik am "Le Jeudi", wou politesch, philosophesch a gesellschaftlech Sujeten traitéiert goufen.

Bis de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) 2016 opgeléist gouf, war de Jean Sorrente och do aktive Member.

Back to Top
CIM LOGO