Am Théâtre du Centaure leeft vun e Mëttwoch un d’Theaterstéck “Ma Vie sous les Tentes”. Et hëlt de Publikum mat an eng Welt vu Museksfestivaller a Frëndschaft, ma setzt sech awer och mat méi schwéieren Theemen aus dem Liewen auserneen.
2021 hat de Lëtzebuerger Auteur Jeff Schinker e Roman erausbruecht mam Titel “Ma Vie sous les Tentes”. Et ass e Buch, an deem hien dovun erzielt, wéi d’Musek him bei sengem Heelungsprozess gehollef huet, nodeems hien a Beréierung mat haislecher Gewalt komm ass. D’Iddi, dëst Buch an den Theater ze bréngen, ass entstanen, wéi hien eng zeenesch Liesung hat, déi vu Museker begleet gouf.
D’Stéck lieft haaptsächlech vun Erzielungen, Musek a Réckblécker an d’Vergaangenheet vum Protagonist. D'Bünebild ass eng Mëschung tëscht engem Festivalcamping an engem Bësch. An och den Haaptduersteller Pitt Simon beweegt sech fir seng Roll tëscht zwou Welten: der Géigewaart an der Vergaangenheet. Duerch seng Monologen an Erzielunge gëtt och de Public zu engem wichtegen Acteur vum Stéck.
Fir e Roman esou ëm ze schreiwen, datt e kann als Theaterstéck funktionéieren, ass guer net esou einfach. Et war e Kierzungsprozess, deen dem Jeff Schinker awer mat Hëllef vun der Dramaturgin Carolina Markiewitz gelongen ass. Regie vum Stéck féiert de Jacques Schiltz.
“Ma Vie sous les tentes” kann ee sech nach bis den 20. November an den Theatre du Centaure ukucke goen. Weider Infoe fannt Dir hei.