Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewen présenteiert an engem neien "art-eckege" Format.

Et hëlt een e Sandwich an d‘Konzept vun der Teleportatioun – et verbënnt een di zwou Saachen an dobäi eraus kënnt eng reng Science Fiction-Iddi. Eng Iddi, di den Erfinder, Editeur an Auteur Hugo Gernsback a senger Zukunftsvisioun gesinn huet.

Den Hugo Gernsback huet d’Zukunft erfonnt an huet fir se gelieft. Bis zu sengem Doud am Joer 1967 huet hien bis zu 80 Patenter erstallt.

1904, am Alter vun 20 Joer, a mat 100.00 Dollar an der Täsch, ass den Hugo Gernsback mam Schëff eriwwer an Amerika gefuer, fir do säi neit Liewen als Erfinder unzefänken. Ma gebuer ass hien 1884 zu Bouneweg.

Seng Schoul huet hien ni fäerdeg gemaach, an och als Erfinder ass hien ëmmer erëm gescheitert. Säin éischten Job zu New York huet hien schonn no e puer Stonnen erëm verluer. Seng Carrière war am Ufank en zimmlechen Desaster.

1926 huet den Hugo Gernsback d’Zäitschrëft Amazing Stories gegrënnt a mi spéit huet hien et hikritt, e ganzen Editeur-Imperium opzebauen - mat iwwer 50 Zäitschrëften. An haut gëllt hien als de Papp vun der Science Fiction.

Ma do virdrun huet hien och selwer schonn Erzielungen a Romaner am Genre vun der Science Fiction geschriwwen. Am Serieroman Ralph one to foresee for one plus (124 C 41+) huet den Hugo Gernsback de Lieser an d’Joer 2660 projezéiert.

D’Kriticken waren awer deemools immens schlecht. Et hat also scho säi Grond, firwat den Hugo Gernsback méi Succès als Editeur wéi als Auteur hat.

D’Rezept, laut dem Hugo Gernsback, fir eng gutt Science Fiction-Geschicht, besteet zu 75 % aus Literatur a 25% aus Wëssenschaft.

Den Isolator – en Helm, dee Geräischer an aner Oflenkungen eliminéiert, fir datt een a Rou schaffe kann. Eng Erfindung, déi ni produzéiert ginn ass. Vill vu sengen Erfindungen waren awer Virreider a sinn tatsächlech Realitéit ginn. Seng futuristesch Iddi „teleeyeglasses“, kennt een haut och als VR-Brëll.

Absurd Iddien wéi: Mat sengen Zänn lauschteren? ; En Orchester fir ze richen?; oder en Télé-Theater - ouni Publikum? - sinn awer ni réaliséiert ginn.

Tatsaach ass awer, datt hie mat sengen Zäitschrëften d‘Science Fiction populär gemaach huet. E Moundkrater an de wichtegsten literareschen Science Fiction-Präis: Den Hugo Award sinn no him benannt.

Den Hugo Gernsback huet iwwregens ëm d’Joerhonnertwenn en autobiografesche Roman op däitsch geschriwwen, deen awer och ni publizéiert ginn ass. Den Titel war: „Der Pechvogel“.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.