D'Oscar-Gewënnerin Olivia de Havilland ass verscheet. Si gouf ënnert anerem bekannt duerch hir Roll am Film "Gone with the Wind".

D'Schauspillerin ass e Sonndeg am Alter vun 104 Joer zu Paräis gestuerwen. Dat huet hir Agentin Lisa Goldberg DPA géintiwwer confirméiert.

Si war eng vun de wichtegste Representantinne vun der gëllener Ära vun Hollywood. Hir 2 Oscare krut d'Olivia de Havilland fir hir Rollen an de Filmer "To Each His Own" an "The Heiress". Am Ganze gouf d'Actrice 5 Mol fir den Oscar nominéiert.