D'Messe gëtt elo virtuell ëmdisponéiert, soudass se och kann organiséiert ginn an engem Kontext vun weltwäiter Pandemie.

Nodeems d'Leipziger Buchmesse 2020 scho ganz ofgesot gouf, huet et laang esou ausgesinn, wéi wann d'Frankfurter Buchmesse am Oktober als Mëschung tëscht virtuellem a Präsenzprogramm kéint funktionéieren.

Dës Woch koum awer d'Nouvelle, dass Frankfurt 2020 elo ganz an den Internet verluecht gëtt. Wat dat fir d'Lëtzebuerger Presenz bei der prestigiéiser Bicherfoire bedeit, dat huet d'Bea Kneip beim Marc Rettel, dem Programm Manager vu Reading Luxembourg, nogefrot.

Changementer op der Frankfuerter Buchmesse

Vum 14. bis den 18. Oktober ass d'Frankfurter Buchmesse. Dorun ännert sech näischt, mä an den Halen wäert et dëst Joer roueg bleiwen. Trotzdeem ginn nach eenzel Evenementer op der Plaz ofgehalen.

Fir d'Editeure wäerten eng Rei digital Strukturen disponibel sinn, déi et hinnen erlabe sollen, sech op der virtueller Bicherfoire ze präsentéieren an nei Kontakter ze knäppen. Awer och fir de grousse Public ass den digitale Volet vum Buchfest zougänglech.

Fir de Marc Rettel ass déi digital Buchmesse op der enger Säit eng Erausfuerderung, op der anerer Säit awer och eng Chance, fir all déi, déi eigentlech net geplangt haten, sech op Frankfurt ze deplacéieren.

Weider Detailer ginn et op readingluxembourg.lu an op buchmesse.de.